Offiziell Aweiung vum „G“ – dem neie Schoulfligel vum LCE!

Donneschdes virun der Chrëschtvakanz gouf den ale Millebau vun der Iechternacher Abtei, besser bekannt als „Ancienne Gendarmerie“, offiziell ageweit. A Präsenz vu ville Perséinlechkeeten ass den Direkter vum LCE am historesche Spigelsall op déi ofwiesslungsräich Geschicht vum ale Millebau agaangen. Den Henri Trauffler huet ënnerstrach, datt de neie Schoulfligel am Laf vu senger 364-järeger Geschicht schonns déi ënnerschiddlechst Funktiounen hat: Millen am 18. Jh., Porzeläinmanufaktur a Kasär am 19. Jh., Gendarmerieposten am 20. Jh.  A lo vum Hierscht 2016 un: e modern equipéiert Schoulgebai! 

De Minister Bausch ass a senger Ried op den Denkmalschutz agaangen an d’Oplagen, déi den Ëmbau an d’Renovatioun vun engem historesche Gebai ëmmer mat sech bréngt. De Minister huet awer och ënnerstrach, dat, dëse Chantier, deen am Januar 2014 ugefaange gouf, relativ séier fäerdeg war. Déi zwielef grouss (76 bis 120 m2) an hell Klassesäll, déi op dräi Etage verdeelt sinn, e Sall fir Gruppenaarbechten, Zëmmer fir Schoulmedezin, Büroen an Ofstellraim hëllefen, wéi de Minister Meisch ënnerstrach huet, de Problem vum fehlende Schoulraum am  Iechternacher Lycée ze léisen.  Fënnef Säll sinn als Spezialsäll fir Geschicht- a Geografiecouren ageriicht. Ënnert dem Dach kënnen d’ Schüler an helle Konschtateliere kreativ schaffen. Op hirem Rondgank konnten d’Gäscht un vun eiser Schoul sech vun de flotten neie Reim, déi eis Schüler vun der Rentrée 2016 gären notzen, iwwerzeegen.