Am Kader vun enger sympathescher Feier konnt den LCE zesumme mat der Asbl. H.E.L.P. (Health, Education, Life, Peace) dem President vun der ONGD "ECPAT Lëtzebuerg", dem Maître Victor Gillen, e Chèque vun 29.585 € iwwerreechen. Dës stolz Zomm ass gréisstendeels duerch den Erléis vum Sponsored Run 2016 zesummegedroe ginn. E grousse Merci un all d'Leeferinnen an d'Leefer, wéi och un d'Sponsoren. Duerch si ass et méiglech gewiescht de Projet « Lutte contre l'exploitation sexuelle des enfants au Niger» z'ënnerstëtzen an e weideren Deel vu Meedercher aus dem Niger virum Onheel vun der Prostitutioun ze schützen an erëm an d'normaalt Liewen z'integréieren.