Eng Equippe vu 4 Spiller aus dem LCE huet den 19. Dezember 2016 um Schachturnéier am Dikrecher Kolléisch deelgeholl. D'Spiller Ivan Lopez Popov (IIe B), Clara Burdot (7O4), Valentin Fischer (10e PS) a Robby Siebenbour (7O4) hunn eng ganz gutt véiert Platz, bei enger Participatioun vu 16 Equippe, beluecht.

An der Eenzelwertung ass den Ivan Lopez Popov mat 8 vu 9 Punkten zweete ginn, punktgläich mam Gewënner. D'Clara Burdot huet bei de Meedercher gewonnen a gouf am Generalklassement 8 vun 81.