Op Invitatioun vum Europadeputéierte Charles Goerens hunn d'Schüler vun de Klassen 2eD, 11eTG an ECE2, den 12. Dezember 2016, déi europäesch Institutiounen zu Stroossbuerg besicht. No enger Promenade iwwert den traditionelle Chrëschtmaart hunn si, nom Mëttegiessen am Parlament, un enger Konferenz vum Charles Goerens mat uschléissender Diskussioun deelgeholl. Duerno stoung d'Visite vun de Gebailechkeete vum Europäesche Parlament um Programm.