Am Kader vum Projet „Supporting Hands for Autism“ hu sech véier Schülerinne vun der 12e CG dofir entscheet, eis Gesellschaft op den Handicap vum Autismus opmierksam ze maachen an autistesch Mënschen z’ënnerstëtzen. De Groupe schafft mat der Fondation Autisme Luxembourg zesummen, enger Organisatioun, déi sech fir d'Rechter vun autistesche Mënschen asëtzt a si an hirem Alldag ënnerstëtzt.
Vum 9. bis 11. Dezember 2016 hunn d’Schülerinnen sou um Chrëschtmaart zu Iechternach, Kuch, Kichelcher, Glühwäin , Gebeess, Téi, selwergemaachten Dekoartikelen a verschidde Produite vun der „Fondatioun Autisme Luxembourg“ verkaft. Ausserdeem goufen interesséiert Leit iwwert den Autismus an d’Aarbecht vun der Fondatioun informéiert.
Am nächsten Trimester plangt de Groupe eng Virstellung iwwert Autismus an eisem Lycée z’organiséieren.



Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: