De 24. November 2016 ass de Championnat am Volleyball fir "Cadettes et Cadets (non-affiliés)" am Lycée Josy Barthel zu Mamer ausgedroe ginn.

Eise Lycée war duerch eng Meederchers- an eng Jongenequippe vertrueden. 9 Meederchers- a 14 Jongenequippen aus verschiddene Lycéeën hu géintenee gespillt.

Eis Dame konnten dobäi eng phänomenal 1. Platz fir den LCE huelen. Eis Hären hu sech eng gutt 5. Platz geséchert.

Felicitatiounen un eis Schüler!

Folgend Schüler a Schülerinnen aus dem LCE hunn um Championnat deelgeholl:

Damen: BENSCH Suzanne, RECH Fabienne a REUTER Emma

Hären: KONSBRÜCK Sam a Schroeder Tun

 

Coach: Jan Mikeska