De 17. November 2016 ass de Meedercherstournoi am Volleyball vun der Groussregioun zu Eupen (Belge) ausgedroe ginn.

Den LCE war mat 9 Volleyballsspillerinne vertrueden an huet staark géint 4 aner Equippen aus der Groussregioun gekämpft.

Et ware Volleyballsquippen aus dem Saarland, aus der Lorraine an aus der franséisch- an däitschsproocheger Regioun aus der Belge vertrueden.

Eis Damen hunn zwee Matcher gewonnen an zwee Matcher gläich gespillt, sou dat si sech eng gutt 2. Platz séchere konnten.

Bravo Meedercher!!!

Folgend Schülerinnen aus dem LCE hunn um Championnat deelgeholl:

BOLLENDORF Lena, BOLLENDORF Marie-Lou, FRANZ Alissa, CURADO Lisa, KOOL Ilse, THIBESART Jeanne, NAFZIGER Tabea, DENTER Laura an DOMAGALA Julia.

Coach: Jan Mikeska