Den 13. Oktober hu 5 Schüler vum LCE um Laselchampionnat am Dëschtennis (Catégorie D) deelgeholl. Bei de Meedercher konnt d’Jackie Appel eng gutt drëtt Plaz beleeën. Bei de Jongen huet den Calvin De Jesus an der Finale géint de Paul O`Brien gewonnen.