Déi dräi Fairtradezonen aus Iechternach - den Tourist Office, d'Jugendherberg an de LCE - haten op e flotte "fairen & regionale" Barbecue invitéiert. Bäi schéinem Hierschtwieder hate sech och e puer Leit zesummefonnt fir e gemittlechen Nomëtten, respektiv Owend ze verbréngen. D'Schüler aus der Optioun Fairtrade haten e Schmink- a Basteleck fir d'Kanner an e Geocachingtour geplangt. Bäi flottem Jazz - Jazz  Combo aus der Museksschoul vun Iechternach - konnt een nach e gudden Hugo aus eiser Cocktailbar genéissen. Um Grill gouf et Fleesch vu regionale Betriber, begleet vu Quinoa-, Räis- an Nuddelszalot a fir ofzeschléissen e gudde Schockelaskuch mat Mandelen an enger Glace. Dës Spezialitéite goufen aus fair gehandelten oder regionale Produkter preparéiert. A refaire!