D’Schüler vun der 10CM, 11CM an 12CG haten sech am Spigelsall versammelt fir um Projet dayCARE deelzehuelen. An engem éischten Deel huet den Här Haupert, a senger Funktioun als Direkter, d’Hëllefsorganisatioun CARE virgestallt. Duerno huet hien d’Aktioun dayCARE presentéiert. Heibäi geet et drëm fir de Schüler d’Geleeënheet ze bidde fir een Dag an eng Entreprise schnupperen ze goen a wichteg Erfahrunge fir hir schoulesch a professionell Zukunft ze sammelen. All Entreprise déi eng Stagesplaz ubitt engagéiert sech zousätzlech en Don u CARE ze maachen. Den Här Theisen huet zum Schluss den Opruff gemaach datt dëst fir all motivéierte Schüler eng gutt Geleeënheet wier fir sech perséinlech virun z’entwéckelen an zusätzlech duerch säin Engagement en humanitäre Projet z’ënnerstëtzen. Avis aux amateurs!

www.daycare.lu