D’ Schoulgemeinschaft vum LCE huet sech gefreet, e Freiden de Moien eis nei Schüler an hir Elteren am Trifolion begréissen ze kënnen. A senger Begréissungsried huet den Direkter Henri Trauffler den Oflaf vun der Schoulrentrée erkläert a déi verschidden Encadrementsstrukture vum LCE virgestallt. Dobäi huet hien och d’ Wichtegkeet vum Effort, e Schlësselwuert am Profil vum LCE, ënnerstrach. Duerno goufen d’ Schüler vum Här Romain Nehs, Directeur-adjoint vum LCE, op déi verschidde Septièmes-Klasse verdeelt. Während eis nei Schüler de Moie vu hirer Régente gemittlech an d’ Liewe vun eiser Schoulgemeinschaft agefouert goufen, hunn d’ Elteren d’ Membere vun der Direktioun, vum SSE, vum SPOS a vun der Léierwierstat bei enger gudder Taass Kaffi an der Cafeteria kenne geléiert.
D’Direktioun vum LCE wënscht alle Schüler an allen Enseignanten en erfollegräicht Schouljoer!











Adresse:
+352 72 87 15 - 1
Email: