Léierwierkstat | Lycée classique d'Echternach
OUVERTURE - ENCADREMENT - EFFORT

Léierwierkstat



D’Léierwierkstat bitt besonnesch de Schülerinnen a Schüler vun der 7e/VIIe eng Ennerstëtzung beim Iwwergank vun der Grondschoul an de Lycée un.

Sie hëlleft d’Handwierk vum Léieren ze léieren, andeems sie no den Ursaache vu Léierschwieregkeete sicht an Ännerungsvirschléi mécht. Problemer kënnen zu engem gudden Deel behuewe ginn, wann ee sech opmécht, fir iwwert säi Léieren nozedenken, a prett ass, al Gewunnechten ofzeleeën an nei Weeër ze goen.

 Gemeinsam ginn Theme besprach wéi:

  • Wéini, wou a wéi(vill) léieren ech am beschten?
  • Wéi kann ech mech motivéieren?
  • Wéi behuelen ech mech an der Schoul?
  • Wéi léieren ech Vokabelen, Formelen, Texter?
  • Wat kann ech géint Prüfungsangscht maachen?
  • Wéi ginn ech mat Stress ëm?
  • Wéi organiséieren ech méng Prüfungszäit?
  • Wat maachen ech, wann d’Prüfung schiefgaang ass?
  • Wat huet e gesond an zefriddent Liewen mat Schoulleeschtungen ze dinn?
  • ...  an nach Villes méi.

 Och Schülerinnen a Schüler vu méi héiche Klasse kënnen hei em Rot froen. 

D’Aarbecht an der Léierwierkstat geschitt an Eenzelgespréicher, op Rendez-vous während an no der Schoulzäit.

Kontakt

Tel.: 72 87 15 510
leierwierkstat@lce.lu

Responsabel

Marie-Paule Kieffer-Krier, Diplom-Pädagogin
Büro: R 100
Tel.: 72 87 15 511